Wéi geet et eiser Wirtschaft? Wéi ass d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an engem internationalen Ëmfeld wat konstant changéiert? Wéi eng wirtschaftlech Erausfuerderungen an Opportunitéite kommen op eis duer?
D’UEL, d’Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, vertrëtt d’Lëtzebuerger Entreprisen aus dem Privatsecteur mat Ausnam vum primäre Secteur a regroupéiert d’Beruffskummeren an d’Employeursfederatiounen aus dem Grand-Duché. D’UEL setzt sech fir eng nohalteg an erfollegräich Ekonomie fir d’Land, seng Awunner an déi, déi hei schaffen, an. Si schafft fir eng Ekonomie, déi fir Investisseuren an Talenter attraktiv ass.
Thematiken
Sozial Responsabilitéit vun de Betriber
D’Defie vun der nohalteger Entwécklung si bedeitend. Fir d’Betriber geet et drëms, hiert Gouvernance, hirt soziaalt Engagement an den Ëmweltschutz ze verbesseren.
Sozial Sécherheet
D’Gesondheet, d’Wuelbefannen op der Aarbecht, d’sozial Protektioun an d’Solidaritéit tëschent de Generatioune sinn Elementer déi zur wirtschaftlecher a sozialer Attraktivitéit bäidroen an e Garant vum soziale Fridde sinn.
Aarbecht an Aarbechtsrecht
D’Welt vun der Aarbecht changéiert schnell. Op d’Betriber an d’Salariéë wäerten grouss Erausfuerderungen duer kommen : d’Digitalisatioun, d’Bevëlkerung déi ëmmer méi al gëtt, nei Aarbechtsformen, Manktem un Aarbechtskräften.
Steieren
An engem internationale steierlechen Ëmfeld wat ëmmer méi komplex gëtt a permanent ännert, ass et noutwendeg, datt Lëtzebuerg e kompetitiivt, stabilt a transparent Steiersystem oprechterhält.
Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht
Fir l’UEL hänkt d’Demarche Sécherheet-Gesondheet op der Aarbecht mam globale Konzept vun der sozialer Responsabilitéit vun de Betriber zesummen a setzt sech aktiv fir d’Nationalstrategie VISION ZERO an hir 7 goldege Reegelen
Eis läscht Tweets
Newsletter
Abonnéiert eis Newsletter