Sozial Responsabilitéit vun de Betriber

D’Defie vun der nohalteger Entwécklung si bedeitend. Fir d’Betriber geet et drëms, hiert Gouvernance, hirt soziaalt Engagement an den Ëmweltschutz ze verbesseren. D’Interessie vun de betraffenen Acteuren, sief et op der Säit vun den Investisseuren, Clienten oder Fournisseuren, mussen onbedéngt berécksiichtegt ginn, an der Optik vun enger « création de valeur partagée » fir de Betrib an d’Gesellschaft.

2007 huet d’UEL den INDR, den Nationalen Institut fir Nohalteg Entwécklung a Sozial Verantwortung vun den Entreprisen, gegrënnt; d’Aufgab vun dësem Institut ass et, d’national Entreprisen an der Adoptioun vun der sozialer Responsabilitéit ze begleeden, fir datt se zur nohalteger Entwécklung bäidroen an hir Kompetitivitéit an Image verbesseren.

3290