Wéi geet et eiser Wirtschaft? Wéi ass d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an engem internationalen Ëmfeld wat konstant changéiert? Wéi eng wirtschaftlech Erausfuerderungen an Opportunitéite kommen op eis duer? D’UEL bréngt sech all Dag op den neiste Stand wat Wuesstem a Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft betrefft.
Mir verfollege fläisseg déi verschidde wirtschaftlech Indicateuren déi et erlaben, Lëtzebuerg mat anere Länner ze vergläichen. Mir leeschten eise Bäitrag a proposéiere Léisungen am Beräich vun den ëffentleche Finanzen, dem Finanzement an der Grënnung vu Betriber… Zifferen, Fakten a wirtschaftlech Studie gehéieren zu eise wichtege Quellen déi mer beliichten a completéieren duerch eis eegen Analysen iwwert d’sozial a wirtschaftlech Lag vu Lëtzebuerg mee och iwwert aktuell Themen ewéi d’digital an d’ökologesch Transitiounen.
Groupe de travailWirtschaft
Président :
Marc Wagener, Chambre de Commerce
Membres :
Benoît Cerfontaine, ABBL
Sandrine Chabrerie, ACA
Nicolas Henckes, clc
Patrick Koehnen, Fédération des Artisans
Jean-Marc Zahlen, FEDIL
François Koepp, Horesca
Secrétaire du GT :
Nicolas Simons, UEL
Rapporteur :
Norry Dondelinger, Chambre des Métiers